Kontrolle vun der Ladungssécherheet vu Camionen

An der Woch vum 22. Februar 2021 huet d'Douane verstäerkt Kontrolle vun der Ladungssécherheet vu Camione gemaach an an deem Kader eng ronn 70 Gefierer kontrolléiert, woubäi bei verschidde Camionen eescht Verstéiss géint bestoend Gesetzestexter festgestallt gi sinn.

  1. ©Administration des douanes et accises

    Illustratioun
  2. ©Administration des douanes et accises

    Illustratioun
  3. ©Administration des douanes et accises

    Illustratioun
  4. ©Administration des douanes et accises

    Illustratioun
  5. ©Administration des douanes et accises

    Illustratioun
  6. ©Administration des douanes et accises

    Illustratioun
  7. ©Administration des douanes et accises

    Illustratioun
  8. ©Administration des douanes et accises

    Illustratioun

 

De Beamte vun der Transportbrigade vun der Douane ass wärend enger Patrull op der Autobunn A6 ee Camion negativ opgefall. Bei der Kontroll um Centre Douanier hunn d'Beamte festgestallt, dass alen Ueleg (polychlorobiphényles – PCB) an ofgelafen IBC (intermediate bulk container) - Container transportéiert ginn ass. Deen alen Ueleg sollt aus der Belsch a Frankräich gefouert gi fir do entsuergt ze ginn. De Camion ass dunn bei de Lamesch eskortéiert ginn, wou deen alen Ueleg an nei IBC Container ëmgeschott ginn ass. Doropshin ass de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung kontaktéiert ginn an hir Kontrollunitéit huet der Transportfirma een Avertissement taxé vu 500 Euro ausgestallt well op den Transportpabeiere Lëtzebuerg net als Transitland drop stoung.

Zousätzlech hunn d'Beamte vun der Douane ee Protokoll géint d'Transportfirma geschriwwe wéinst den ofgelafenen IBC Container.

Des weideren hunn d'Beamten ee Camion aus Frankräich ugehalen, deen Heebotte gelueden hat an eng Héicht vu 4,80 Meter erreecht huet, woubäi nëmme 4 Meter ouni Autorisatioun erlaabt sinn. An dësem spezielle Fall hätt d'Firma déi relevant Autorisatioun och net ausgestallt kritt well d'Wuer deelbar ass an esou op de Camion ka geluede ginn, dass déi maximal 4 Meter Héicht respektéiert sinn. Beim ugehalene Camion waren d'Botten net nëmmen ze héich gelueden, mee si waren och net richteg geséchert.

Bei der geneeër Kontroll ass de Beamten opgefall, dass den aktuelle Proprietär de Camion am Abrëll 2020 kaf hat, awer ni op sech ugemellt hat an de Chauffeur konnt och weder eng Assurance, nach eng Eurovignette bei der Kontroll virweisen. Donieft sinn och nach Verstéiss bei de Fuer- a Rouzäite festgestallt ginn.

Bei der uschléissender Mazoutskontroll hunn d'Beamten dunn och nach roude Mazout am Tank fonnt, woufir d'Firma och keng Autorisatioun besiess huet.

Opgrond vun de verschiddenen Infraktiounen huet dës franséisch Firma am Ganzen Avertissements taxés an enger Héicht vun 2.523 Euro an wéinst dem roude Mazout eng Accisenstrof vun 1.500 Euro op der Plaz misste bezuelen.

Schlussendlech ass de Camion ofgeschleeft ginn an d'Bottë sinn op en anere Camion ëmgeluede ginn soudass all d'Virschrëfte fir e Weidertransport respektéiert waren.

Bei engem anere Camion war d'Charge, well si mat ze wéineg Gurter geséchert war, esou verrutscht, dass e Sécherheetsrisiko bestanen huet an de Camion esou net méi weiderfuere konnt. Nodeems de Chauffeur d'Wuer nees richteg gestapelt, nogeséchert an een Avertissement taxé vun 250 Euro bezuelt hat, konnt de Chauffeur finalement no 36 Stonnen erëm weiderfueren.

Eng aner gravéierend Infraktioun ass festgestallt gi bei engem Camion, deen een eenzege Gurt hat fir ganzer 23 Tonne Charge ze sécheren.

Vu dass d'Remorque net genuch Zurrpunkten hat fir déi feelend 26 Gurter, déi nach néideg gewiescht wieren, ze befestegen, konnt dës Wuer nëmme geséchert ginn andeems Antirutschmatten ënnert d'Palettë geluecht gi sinn. Nodeems dat geschitt war an een Avertissement taxé vun 250 Euro bezuelt ginn ass, konnt de Chauffeur weiderfueren.

Et sief och ze bemierken, dass et ëmmer erëm virkënnt, dass e Camion ugehale gëtt well seng Pneuen net an der Rei sinn.

An deem Fall gëtt de Camion ëmmer immobiliséiert bis déi net konform Pneue gewiesselt sinn. Des weideren ass en Avertissement taxé vun 145 Euro fälleg an de Chauffer verléiert 2 Punkten um Führerschäin.

Am Kader vun de verschäerfte Kontrolle vun der Douane déi tëscht dem 22. Februar a 26. Februar 2021 stattfonnt hunn, sinn am Ganzen 2 Protokoller geschriwwen a 87 Avertissements taxés an Héicht vun 25.411 Euro opgehuewe ginn.

 

Communiqué vun der Douane

Aktualiséiert